
De Freide Moien um 8h50 starten De Serrig an den David an hier Show eran. Dëst awer anescht wéi soss. Si wierdegen 100 Bravo Hits CD'en, déi zënter 1992 erauskomm sinn!
Wien hat oder huet se net nach doheem, déi bont Bravo Hits CD mat den aktuellsten Hits vun dem Zäitraum?
An och, wann déi CDe vläicht versteppst sinn, esou bal dir de Cover dovu gesitt, an drop liest, wéi eng Lidder drop sinn, kommen Erënnerungen op. Esou ass et och bei eis an der Eldo Redaktioun gewiescht. Jiddereen aus der Equippe konnt seng gréisste Bravo Hits erareechen, an déi ginn dëse Freiden tëscht 8h50 an 12h50 um Eldo gespillt!
An och dir kënnt eis är Hits eraschécken.
Hei am Link fann dir en Iwwerbléck vun all den Editiounen an de Lidder:
Iwwerbléck vun 100 Bravo Hits
Schéckt eis einfach eng Sms op de 60336 oder e Message iwwer Whatsapp (691947577) mat der Nummer vun der Bravo Hits (ganz Wichteg) an dem Song!