2008 koum dem Beyoncé sain 'Sweet Dreams' aus dem Album 'I am Sasha Fierce' op de Marché! Elo 10 Joer méi spéit ass et dann Zäit fir en Remix vum Nummer 1 Hit! Dem Beyoncé säi Management betount, dass de Remix net als Single eraus kennt, mee op ITunes, Apple Music an TIDAL ze kréien ass. De Remix passt sech dem Sound vun 2018 un an ass vollgepaakt mat Synthesizer an Elektro Beats, dem Beyoncé säi Gesang ass awer de selwechte bliwwen.