Musek NewsLidder mat Text vir Äiskonschtleefer!

Fir déi éischte kéier dierfen d'Sportler am Äiskonschtlaf bei den Olympesche Wanterspiller fir hir Figure Musek mat Text benotzen.

Leschten Update: 24.02.2018, 10:04:22

© © dpa

Aktuell lafen déi olympesch Wanterspiller a Südkorea. En Evenement, dat och gutt vir d'Museksindustrie ass. Fir déi éischte kéier dierfen d'Sportler am Äiskonschtlaf fir hir Figure Musek mat Text benotzen, an net wéi bis ewell just instrumental Deeler. Sou ginn dëst Joer ënnert anerem Lidder vum Adele, Coldplay an Ed Sheeran benotzt. An obwuel d'Lidder schonn al sinn, gi Streaming- an Downloadzuelen erop. Sou mellt Billboard, dass dem Ed Sheeran säin Hit 'Make it rain' bei den Downloadzuelen em 128% geklommen ass. 'Paradise' vu Coldplay souguer em 411% an dem Adele säin 'Hometown Glory' em 1200%.
Impressionnant wat Sport alles bewierke kann!