Musek NewsKylie Minogue wënscht sech en Duett mam Lady Gaga!

D'Kylie Minogue géing gäre mam Lady Gaga en Duett ophuelen!

Leschten Update: 26.02.2018, 20:14:06

© afp archiv

An engem Interview gouf di australesch Sängerin Kylie Minogue gefrot, mat wiem hatt dann am léifsten en Duett géif ophuelen an do koum prompt dem Lady Gaga säin Numm eraus! Doniewent huet d’Kylie Minogue am Kader vun senger neier Single "Dancing" eng grouss Tour an den UK ugekënnegt. Ob et elo zu engem Duett mam Lady Gaga kënnt, ass vum Gaga senger Säit nach net gewosst!