
Mat "Red Pill Blues" hu Maroon 5 am November 2017 hire 6. an aktuellen Album eraus bruecht. Wien an d'Deluxe-Versioun vum Album eralauschtert, dee kritt um Enn e Live-Feeling. D'Museker hunn nämlech als klénge Bonus e puer Live-Song dru gehaangen. Déi Songs hunn eis inspiréiert, Iech Maroon 5 am Kader vun eisem Eldo Live ze presentéieren.
Um éischte Mëttwoch vum Mount Mäerz héier dir e Concert vun hinnen aus dem leschte Summer, dee d'Museker ëm den Adam Lavine zu Rio, um Rock in Rio opgeholl hunn. Si hunn dem Brasilianesche Publik 20. Lidder presentéiert. Nieft e puer neie Songs, an der Live-Premiere vun hirem "What Lovers Do", zielen awer och all hir grouss Klassiker zur Setlist. De Concert spille mir Iech de Sonnden an der Rediff!
D'US Museker hu säit hirem Debut am Joer 2002 6 Alben a 24 Singlen, 3 Nummer 1 Hits an 2 Nummer 1 Alben erausbruecht.
Eng ronn 90 Minutten Eldo Live mat Maroon 5 erwaarden Iech dëse Sonnden um 20h00 um Eldo, a via Livestream op Eldo.lu an an der Eldo App.