Musek NewsDen Ed Sheeran ass deen erfollegräichste Kënschtler vum Joer

2017 gouf den Drake zum erfollegräichste Kënschtler gewielt, dëst Joer huet een anere Museker hien un der Spëtzt ofgeléist.

Leschten Update: 28.02.2018, 14:58:44

© afp

An zwar ass den Ed Sheeran elo op der Platz 1. Den Internationalen Verband vun der Phono-Industrie huet dat elo an engem offiziellen Communiqué matgedeelt. Dat heescht, den Ed Sheeran huet net just deen erfollegräichsten Album mat „Divide“, mee och seng Single „Shape of you“ gouf 2017 am meeschten verkaf! Op der 2. Plaz vum Ranking steet dann elo den amerikanesche Rapper Drake, an direkt hannendrun op der 3 ass d’Taylor Swift!