An enger US Talkshow huet Mel B sech e bësse verplappert an verroden, dass all di 5 Spice Girls op der Royaler Hochzäit vum Prënz Harry an Meghan Markle invitéiert sinn! Wéi hatt du gefrot ginn ass, ob si dann och als Spice Girls wäerten optrieden, huet Mel B dat zwar net confirméiert, awer och net dementéiert - an dunn duerch seng Mimik matgedeelt, dass dat wahrscheinlech wäert de Fall sinn! Vrun kuerzem haten d’Spice Girls jo hir Reunion bekannt ginn, awer nach net verroden, wat dat konkret bedeit.