Musek NewsDJ's gesicht!

Déi 2 DJ's David Guetta a Martin Garrix hu sech zesumme gedoen an elo hu si en internationalen DJ Contest an d'Welt geruff!

Leschten Update: 02.03.2018, 13:41:51

© MIGUEL MEDINA / AFP

Hu dir DJ Skills a wollt der Welt nach ëmmer weise wat dir drop hutt?

Da produzéiert e Remix vun hirer neier Single "Like I do" a schéckt dat ganzt op soonvibes.com eran!

Den David Guetta perséinlech wielt aus, wien de Gewënner ass.

De beschte Remix kënnt dann och als offizielle Remix vun der Single "Like I do" eraus! Donieft kritt de Gewënner en DJ Sampler am Wäert vu ronn 1300€!

De Public bestëmmt, wien déi 30 bescht Remixen sinn a jidderee ka mat voten! An och vir déi, déi ofstëmme spréngt eppes eraus! Ënnert anerem e Meet & Greet mam David Guetta - dat zu Ibiza op senger BIG Party am Ushuaïa!

Hei geet et bei d'Inscriptioun!