Musek NewsReputation World Tour!

D'Taylor Swift hellt sech Camila Cabello a Charli XCX als Opening Act!

Leschten Update: 03.03.2018, 13:27:21

© ROBYN BECK / AFP

2017 ass dem Taylor Swift säin Album 'Reputation' op de Marché komm an elo gëtt et Zäit fir eng World Tour! An als Opening Acts ginn dem Taylor Swift keng kleng No-Name Bands duer… nee d’US Sängerin hellt geballte Girl Power mat ronderëm d’Welt! Sou huet Taylot an engem Twitter-Video bestätegt, dass d’Camila Cabello an och Charli XCX vum 8. Mee 2018 bis den 9 November 2018 mat him op Tour ginn!