Musek NewsMoudelabel 'Drew'

Den Justin Bieber well Moud machen!

Leschten Update: 03.03.2018, 13:25:21

© VALERY HACHE / AFP

Nieft dem Beyoncé, Pharell Williams an och den Drake, wäerte mir eis geschwënn wéi den Justin Bieber kenne kleeden. Den US-Sänger well ënnert d'Designer goen, dobäi gesinn mir hien awer zimlech oft éischter liicht bekleet!
Den Numm 'Drew' huet sech den Justin Bieber vir säi Label patentéiere gelooss. Donieft goufen och 'The House of Drew' a 'La maison Drew' patentéiert. Et ass awer nach net gewosst fir wéi een Numm sech den Justin Bieber wäert decidéieren. Den Numm 'Drew' kennt net vun ongeféier, dëst ass nämlech dem Bieber säin zweeten Numm!