Schonn 2017 hätt d’Beyoncé solle beim legendären Coachella-Fesival op der Bühn stoen. Op Recommandatioun vu sengen Dokteren huet di schwanger Musekerin hir Plaz awer schliisslech dem Lady Gaga iwwerlooss. Elo wou d’Zwillingen op der Welt sinn, ass d’Beyoncé elo prett fir de Festival, a prouft och scho fläisseg dofir. Nieft e sëlleche Sessions am Fitness – an Danzstudio huet hatt och seng Ernärung ëmgestallt a wäert sech 44 Deeg vegan ernären. Platen wéi Avocado-Toast mat roude Paprika an Zwiwwelen sollen him méi Energie ginn. Via Instagram appelléiert hatt u seng Fans, sech och fir den Diätplang unzemellen.