Musek NewsDespacito ass geläscht!

D'Musekplattform Vevo gouf gehackt!

Leschten Update: 11.04.2018, 15:18:58

© Screenshot/Youtube

Vevo ass eng vun de gréisste Museksplattforme weltwäit. Elo gouf bekannt dass Vevo gehackt gouf, an dem Luis Fonsi säin Hit 'Despacito' mat sengen insgesamt iwwert 5 Milliarde Views geläscht gouf!
De Video ass einfach duerch e Bild mat maskéierte Persoune mat Waffen an der Hand ersat ginn.
Weider Videoe vu Kënschtler ewéi den Drake, Selena Gomez oder Taylor Swift sinn och vum Hackerugrëff betraff.
Youtube a Vevo hunn nach kee Statement ofginn an et ass och net gewosst wat den Hannergrond vun der Cyber Attack ass.