Musek NewsBeyoncé mat Destiny's Child um Coachella Festival!

No engem Joer Baby-Paus feiert d'Beyoncé säi Bühnencomeback...zesumme mam Michelle Williams an dem Kelly Rowland.

Leschten Update: 16.04.2018, 17:58:27

© Kyle Grillot / AFP

Annerhallef Stonne war d’Beyoncé schonn op der Bühn an huet mat politesche Statements, engem Orchester a gutt 100 Dänzer iwwerzeegt. All Schrëtt souz, an d’Bühneshow u sech war scho genuch fir de Public ze begeeschteren.

Als éischt 'net-wäiss' Fra als Headliner um Coachella hat d’Sängerin souwisou scho Geschicht geschriwwen, mee domat net genuch: hat huet sech och nach weider Kënschtler op d'Bühn geholl. Enner anerem hu säi Mann de Jay-Z, esou wéi seng Schwëster Solange et bei Songs ënnerstëtzt. De meeschten Applaus gouf et dunn awer wéi d'Vermutung vun enger Destiny's Child Reunion sech bestätegt huet.

Tëschent zwee Songs stellen sech op eemol zwou weider Gestalten nieft d’Queen B. D’Luucht geet un an den Trio setzt sech a Beweegung. Zesumme mam Kelly Rowland a Michelle Williams iwwerrascht d’Beyoncé d'Fans a léisst mat Say My Name, Lose My Breath a Soldier d’90er erëm opliewen.

Nom Super Bowl 2013 war dëst deen éischte gemeinsamen Optrëtt vun deenen 3 Power-Stëmmen, an d'Reaktioun op de soziale Netzwierker war iwwerwältegend. Domat geet #Beychella definitiv an d'Geschicht an!

 

A post shared by Beyoncé (@beyonce) on



Kuckt iech den Video hei un!