Musek News#NoChella

D'Cara Delevigne boykottéiert de Musekfestival Coachella!

Leschten Update: 16.04.2018, 12:47:39

© Instagram Cara Delevigne

De grousse Coachella Festival a Kalifornien ass zanter leschte Weekend am Gaang, mat groussen Headliner ewéi Beyoncé oder Eminem. Nieft de Staren op der Bühn ass de Festival bekannt vir Modelen, Schauspiller a Museker am Publikum! Cara Delevigne boykottéiert de Musek Festival awer elo!

Grond ass de Grënner vum Festival, Philip Anschutz, Chef vun der Anschutz Entertainment Group AEP. Der NY Daily News no, huet den 78 Joer alen Anschutz an de leschte Joren iwwer 100.000 Euro ausgi vir Organisatiounen déi sech géint Homo-, Bi- an Transsexueller positionéiere. Wéi wann dat net genuch wier, ënnerstëtzt hien och nach Politiker déi sech vir Waffen a géint Ofdreiwung asetzen.

Dëst si Saachen di der Bi-Sexuelle Schauspillerin a Model, Cara Delevigne net passen. Op Instagram huet hat awer elo eng Foto vun der Destiny's Child Reunion um Coachella Festival gepost. Dozou seet hat awer och dass hatt weiderhi refuséiert op e Festival ze goen, dee vun engem Mann organiséiert gëtt dee sech géint LGBT asetzt, dofir awer vir Waffen ass.