Musek NewsBackstreet Boys si back!

D’Boyband annoncéiert hir nei Single 'Don’t Go Breaking My Heart'!

Leschten Update: 17.05.2018, 10:51:49

© FREDERIC J. BROWN / AFP

Leschte Mount hunn d’Backstreet Boys 25 Joer an der Museksindustrie gefeiert, dës Woch haten se dunn grouss Neiegkeeten ze verkënnegen. No engem Countdown op de sozialen Netzwierker hunn déi 5 Boyband Memberen annoncéiert eng nei Single eraus ze bréngen. Dës heescht 'Don’t Go Breaking My Heart' a soll de 17. Mee erauskommen.











Nodeems se d’Fans iwwer Twitter virwëtzeg gemaach haten, hunn se de Méinden hire Cover Design presentéiert.




Kuerz nom Release vum Song wäert d’Band dann erëm op Las Vegas fir hir Residency Show zréck kéieren.