
© Ho / AFP
D’Reggae-Legend Bob Marley ass am Joer 1981, am Alter vu 36 Joer, gestuerwen. De Sänger ass awer nach laang net vergiess! Schonn am Joer 2012 ass de Film "Marley", iwwert d’Liewen an den Dout vum Bob Marley, verëffentlech ginn. 2016, gouf e Sortiment vu Cannabis-Produiten am Numm vum Bob Marley, a sengem 71. Gebuertsdag, ugekënnegt.
Den Ziggy Marley, huet elo annoncéiert datt hien, an Zesummenaarbecht mat Paramount Pictures, wäert eng nei Filmbiographie eraus bréngen. Momentan ginn et awer nach keng Detailer zu der Produktioun.
Réischt viru kuerzem hat den Ziggy Marley nach selwer den Album "Rebellion Rises" verëffentlecht.
Lauschtert hei den Track "Rebellion Rises"