
© BERTRAND GUAY / AFP
Am Zeeche vum 60. Gebuertsdag vum Prince, soll en onverëffentlechten Album vum Sänger elo publizéiert ginn. Den Album “Piano & A Microphone 1983” soll an Zesummenaarbecht mam Warner Bros. Records verëffentlecht ginn.
Wéi den Numm et scho seet, gouf den Album 1983 opgeholl. Den Album besteet aus 9 privaten Opname vum Prince. Ënnert Anerem och gecovert Lidder, wéi "Purple Rain", wäerten hei drop ze fanne sinn.
Den 21. September soll den Album verëffentlecht ginn!