Musek News“Handgepäck” heescht den neien Album vum Clueso

Wéi de Sänger op Instagram post, gëtt de 24. August säin neien Album “Handgepäck” verëffentlecht!

Leschten Update: 11.06.2018, 12:04:41

© JOHN MACDOUGALL / AFP

Den Album soll Lidder enthalen, déi während deene leschte 7 Joer, op dem Clueso senger musikalescher Rees, entstane sinn. Wéi de Sänger betount, sinn d’Lidder ëmmer ënnerwee, deelweis och nëmme mat engem Mikro an enger Akustikguitar, produzéiert ginn.

Op Instagramm bedankt sech de Clueso, dann och nach eng Kéier bei all de Museker déi him op sengem Wee gehollef hunn.

De Produzent vum Album ass de Clueso selwer, a wéi hie schreift ass den Album den éischten an enger Serie vu “minimalistesch produzéierten” Alben.

Bis “Handgepäck” am August verëffentlecht gëtt, kënnen d’Fans sech op déi éischte Single freeën, déi schonn den 15. Juni eraus kënnt!