Musek News”Die Ärzte” als Iwwerraschung um “Beatsteaks”-Concert!

Während engem “Beatsteaks”-Concert zu Berlin, huet de Publikum net schlecht gestaunt, wéi op ee mol “Die Ärzte” op der Bühn stoungen!

Leschten Update: 11.06.2018, 12:10:01

© eldo archiv

Bei engem Open-Air Concert vun de “Beatsteaks”, hunn 22.000 Fans um Samsdeg Owend d’Summerwieder richteg genoss! D’Fans sinn awer komplett ausgeflippt, wéi et zu engem onerwaarten Optrëtt vun der bekannter Punkband “Die Ärzte” koum. D’Punkband huet e puer vun hire bekanntste Lidder, wéi “Schrei nach Liebe” a “Hurra”, op der Waldbühne gespillt.

D’Paus vun den “Ärzte” hätt nach solle bis Enn d'nächst Joer daueren, mee schonn elo ass gewosst, datt si 2019 als Headliner um “Rock am Ring” a “Rock im Park” wäerten optrieden. Den nach méi fréie Comeback zu Berlin begrënnt de Farin mat de Wieder: “doheem ass et iergendwéi méi gäil wei um Rock am Ring”.







... #dieärzte #waldbühne #berlin #2018 #beatsteaks

A post shared by Nico (@hotte4849) on