Musek NewsDe Mike Shinoda vu Linkin Park kënnt fir Concert op Köln

De Linkin Park-Member Mike Shinoda kënnt am Kader vu senger Solotour fir e Concert op Köln.

Leschten Update: 12.06.2018, 12:46:43

© afp

Nom Dout vum Chester Bennington ass bis haut net gewosst, op et eng Zukunft fir Linkin Park gëtt. Den Mike Shinoda konzentréiert  de Moment souwisou méi op seng Solocarrière a bréngt dëse Freideg säin Album „Post Traumatic“ eraus, passend zu deem Solo-Album huet de Mike Shinoda elo och deen éischte Concert vu senger Europa-Tour ugekënnegt- an zwar wäert de Museker den 29. August am Palladium zu Köln optrieden. Dëse Freideg um 10h fänkt de Virverkaf un.