Musek NewsExklusive Virverkaf fir Nicki Minaj&Future op Eldoradio

Dëse Mëttwoch start um Internetsite vun Eldoradio den exklusive Virverkaf fir de Concert vun Nicki Minaj&Future an der Rockhal.

Leschten Update: 12.06.2018, 12:53:20

Mëttwochs den 20. Mäerz wäerten di 2 Hip-hop-Staren live an der Rockhal optrieden. D’Nicki Minaj huet säin neien Album „Queen“ mat dobäi. De Future huet als lescht de Soundtrack vum „Superfly“-Remake produzéiert, ass awer vrun allem bekannt fir Hits wéi „Mask off“. Dëse Mëttwoch Mueren um 10h fänkt den exklusiven Virverkaf un um Internetsite vum Eldoradio. Den offizielle Virverkaf start dëse Freideg um 10h.