Musek NewsThirty Seconds To Mars hu sech vun hirem Gittarist getrennt

Thirty Seconds To Mars hu sech vum Tomo Miličević getrennt. De Concert an der Rockhal ass wéi geplangt och ouni de Gittarist.

Leschten Update: 13.06.2018, 12:26:51

© Jack Parker/ATL

An engem Twitter-Statement seet de Museker: „Ech weess net, wéi ech iech des Decisioun erkläre soll. Awer gleeft mer, wann ech soen, dass dëst dat Bescht fir mech ass – a fir d‘Band och.“

Op den Tourplang huet des Decisioun keng Konsequenzen. Thirty Seconds To Mars spille wéi geplangt och ouni de Gittarist den 6. September an der Rockhal.