Musek NewsGuns N’Roses fuerderen eng Porzeläin-Toilette

De Weekend hunn Guns N'Roses den Download-Festival an England gerockt.  Fir hiren Optrëtt hunn si awer eng Rei Luxusartikel verlaangt.

Leschten Update: 13.06.2018, 12:31:29

© afp

D’Jongen vu Guns N' Roses hunn dobäi ganz speziell Wënsch fir hir Garderobe geäussert.  A wéi eng dat waren, dat huet di britesch Zeitung „Mirror“ elo bekannt ginn.  Ënner anerem huet d’Band Schockela aus den USA an Pizza mat ganz vill Kéis afléie gelooss, grad wéi eng extra montéiert Porzeläin-Toilette an super seideg duussen Toilettëpabeier. Guns N' Roses hunn awer net just eng laang Wonschlëscht un den Organisateur adresséiert, mee och eng anstänneg Gage kasséiert - nämlech 5 Millioune Pond.