Musek NewsDe Shawn Mendes ënnerstëtzt Portugal mat WM-Song

Di portugisesch Nationalequippe ka sech op prominent Ënnerstëtzung freeën.  De Shawn Mendes huet dem Team extra ee Lidd dediéiert.

Leschten Update: 14.06.2018, 14:17:27

© afp

Bei der eigentlecher Zeremonie wäerten zwar de Robbie Williams an den Jason Derulo hir WM-Songs performen, awer och den Shawn Mendes huet eppes preparéiert.  Hien huet grad eng nei Versioun vu sengem Hit „In my blood“ eraus bruecht, déi der portugisescher Equippe Gléck brénge soll. De Shawn Mendes, dee portugisesch Originnen huet iwwerzeegt hei selwer mat sengem portugiseschen Gesang.