Musek NewsPolitiker kritiséieren dem Robbie Williams säi WM-Optrëtt

De Robbie Williams freet sech op säin Optrëtt bei der Erëffnungszeremonie vun der Futtball-WM. Politiker kritiséieren hien awer dofir.

Leschten Update: 14.06.2018, 14:19:42

© afp

De Robbie Williams freet sech drop, viru Millioune vu Leit op der Bühn ze stoen a seng Lidder ze performen. Politiker an Aktivisten stelle sech awer géint de britesche Sänger. Si a soen, dass hien säin Heemechtsland verroden huet, an him di 2 russesch Ex-Agenten, Sergej an Julia Skripal, déi Affer vun engem Gëftuschlag goufen, egal wieren. Via Twitter kritiséieren d’Politiker de Museker a schreiwen zum Beispill: „Et gëtt vill Méiglechkeeten, Suen ze verdéngen, seng Séil un een Diktator ze verkafen, sollt keng dovu sinn.“