Musek NewsIggy Azalea confirméiert Release Datum vu neier EP

No 4 Joer Paus soll mat ''Surviving the Summer'', am Juli, nei Musek vun der Rapperin kommen.

Leschten Update: 15.06.2018, 09:34:05

© SAEED KHAN / AFP

2014 war dem Iggy Azalea säi Joer: Mat ''Reclassified'' an ''The New Classic'' hat d’Australierin direkt zwee Alben erausbruecht déi duerchgestart sinn. Duerno ass et awer méi roueg em d’Rapperin ginn an d’Fans waarden zanterhier op nei Musek. Schold doru soll e Sträit mam Museklabel ''Def Jam'' gewiergt sinn deen sech Ufank des Jores eréischt geluecht huet.



Doropshi gouf dunn eng nei EP mam Numm  ''Surviving the Summer'' ugekënnegt, déi fir den 2. Juni geplangt war. Kuerz drop gouf den Datum awer nees, wéinst interne Changementer, beim Label annuléiert. Elo huet d’Sängerin sech selwer zu Wuert gemellt an annoncéiert dat ''Surviving the Summer'' e neien definitive Release Datum krut: De 6. Juli soll et esou wäit sinn.

 



D'Fans genéissen dës Virfreed awer nach mat Virsiicht.