
© ADRIAN SANCHEZ-GONZALEZ / AFP
Nodeems den Thirty Seconds to Mars Gittarist Tomo dës Woch Millioune Fans mat senger Noriicht d’Band ze verloosse schockéiert hat, huet wuel keen esou séier mat Neiegkeete gerechent. Den Jared a Shannon Leto hunn annoncéiert als Duo weiderzemaachen an dat elo direkt mat engem Museksvideo ënner Beweis gestallt.
Mat der Visualiséierung vun der Single ''Rescue Me'' gëtt net nëmmen d’Lidd nach eng Kéier an de Mëttelpunkt gestallt, Thirty Seconds to Mars ginn domat och een, fir si, wichtege Message weider.
Den Jared Leto erkläert dat ''Rescue Me'' e Song iwwer Péng awer och d’Fräiheet ass. Fräiheet sech vun der Vergaangenheet ze léisen an de Kampf géint di eegen Ängscht unzetrieden. Mam Release vum Video wëllen déi zwee souwuel hiert Kënnen als Duo ënner Beweis stellen a weisen dat se wieder maachen, awer virun allem och de Message weiderginn dat een eng schwéier Zäit iwwerstoe kann an een net fäerte brauch sech Hëllef ze sichen.
D’Bridder wäerten och déi aktuell Welttournée weiderhin ënnert dem Kënschtlernumm Thirty Seconds to Mars weiderfeieren.