Musek NewsFoo Fighters ft. Guns N’ Roses

Um Firenze Festival performen déi zwou Bands ''It’s So Easy'' zesummen op der Bühn.

Leschten Update: 15.06.2018, 10:24:55

© Nicolas Armer / dpa / AFP

Den Donneschden krut de Public vum Firenze Festival an Italien eng Kollaboratioun gebueden déi et a sech hat. D’Foo Fighters, déi grad um performe waren, haten sech Ënnerstëtzung a Form vun der Kultband Guns N‘ Roses op d’Bühn geholl.

Den Axl Rose, Slash an Duff McKagan hunn awer net nëmme fir eng Iwwerraschung bei de Fans gesuergt, dës goufen och nach musikalesch verwinnt. Zesumme mat de Foo Fighters hunn se fir eng dynamesch, a virun allem rockeg, Performance vun hirer Hit Single ''It’s So Easy'' gesuergt.

Op den Dave Grohl dann och e special guest beim Guns N‘ Roses Optrëtt um Freide wäert sinn ass net gewosst, mee dësen Optrëtt wäerten d'Fans vun de Rocker op alle Fall esou séier net vergiessen.

Kuckt Iech hei den Optrëtt un!