
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archives/Christopher Polk
D'Beyoncé an den Jay-Z hunn e Samschdeg hir Fans mat engem neien Album iwwerrascht. Um Album "Everything is love" sinn 9 Songs plus ee Bonustrack. Den Album fënnt een op Tidal.
Bannent enger hallwer Stonn hu 15 Millioune Mënschen déi d'Beyoncé op Twitter suivéieren, dës Nouvelle gedeelt an iwwer 20.000 mol geliked.
Stream #EverythingIsLove now, exclusively on TIDAL. Also stream a TIDAL-exclusive track. https://t.co/OHRZ7lnF8n pic.twitter.com/70xd4Box4P
— BEYONCÉ (@Beyonce) 16. Juni 2018
Um Album "Everything is love" héiert een d'Queen Bey, wéi d'Beyoncé nach genannt gëtt, rappen, méi dacks wéi gewinnt.
Gläichzäiteg gouf ee Videoclip publizéiert. Dëse gouf zu Paräis am Musée du Louvre gedréint.
Kuckt hei: