Musek NewsChristina Aguilera séngt am New Yorker Metro

D’Christina Aguilera ass des Woch am Eldoradio Albumcheck. De Weekend ass hatt zesumme mam Jimmy Fallon als Stroossemuseker zu New York opgetrueden.

Leschten Update: 18.06.2018, 12:17:22

© afp

D’Christina war mat Hutt, Perréck a Sonnebrëll ganz inkognito ënnerwee, an äusserlech net erëm ze erkennen.  Begleet gouf hatt vum Jimmy Fallon a en enger Band an huet den Aretha Franklin Hit “Think” gesongen. Duerch seng eenzegaarteg Stëmm konnt een hatt dunn trotz Verkleedung erëm erkennen. Dono huet d’Sängerin fir de Publikum, deen ëmmer mi grouss ginn ass, och nach eng cool Versioun vu sengem Hit  „Fighter" gesongen.