
© Bennett RAGLIN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP
Den amerikanesche Rapper XXXTentacion ass de Méindeg a Florida zu Deerfield Beach op oppener Strooss erschoss ginn.
Wéi d'Police mellt, hat hien am Nomëtteg e Geschäft fir Motorrieder verlooss, wéi e vun 2 Onbekannten niddergeschoss gouf.
Den 20 Joer ale Museker wier direkt an d'Clinique bruecht ginn, wou d'Dokteren nëmmen nach den Dout feststelle konnten.