De Präis war mat enger Millioun Schwedesche Krounen (100.000 Euro) dotéiert a Metallica hunn di ganz Zomm u karitativ Organisatiounen gespent. 50% ginn un d’Stockholm City Mission, déi sech em sans Abris’en këmmert. Di aner 50% ginn opgedeelt ënnert der World Childhood Foundation an dem afghaneschen Nationalinstitut fir Musek. Wéi d’Organisateuren vun dësem sougenannten inoffizielle „Nobelpräis vun der Musek“ betounen, géingen d‘Gewënner zwar net dozou opgefuerdert ginn, mee vill vun hinnen géingen hiert Präisgeld spenden.