Musek NewsDen Jay-Z gëtt Basketball Creative Chef bei Puma

Puma wëllt no 20 Joer nees an der NBA Fouss faassen. Dofir huet d’Sportfirma ee grousse Star engagéiert.

Leschten Update: 19.06.2018, 14:45:56

© afp archiv

Puma huet huet fir säi Basketball-Departement ee prominenten Star engagéiert. De Rapper Jay-Z gouf zum Creative Director  nominéiert. Deen 48 Joer ale Museker soll deemno nei Konzepter fir d’Firma kreéieren  an dozou bäidroen, dass Puma an Zukunft an der NBA nees eng Roll spillt. Wéi den Jay-Z op dësen neien Job reagéiert huet, ass nach net bekannt. Sécher wäert hien hien an Zukunft awer méi oft bei NBA-Matcher am Publikum gesinn.