Shakira an der Escher RockhalEng eemoleg Show, mat awer och vill Playback!

D'Kolumbianerin huet um Dënschden Owend an der Escher Rockhal méi wéi iwwerzeegt! Leider awer och mat vill Playback

Leschten Update: 20.06.2018, 04:48:38

Pünktlech ass d'Shakira an der Escher Rockhal opgetrueden. Kuerz virdrun huet hat nach en Insta Post gemaach wéi hat an der Stad ënnerwee war!

Schonn um 8 Auer Moies waren di éischt Fans virun den Diiren vun der Rockhal! Gemierkt huet een dann och direkt vun Ufank un: zu Esch hate sech ganz vill Hardcore-Fans afonnt. All Lidd konnt matgesonge ginn.

Hardcore Fans erkläre firwat si sou fréi komm sinn


Vun Ufank un gouf et e Shakira wat EXTREM gutt gelaunt war, dat obwuel de Concert an der Rockhal vill vill méi kleng ass wéi den "normale" Shak Kader! Zum Verglach e Sonnden huet hat am Olympiastadion zu München virun 13000 Leit gespillt. An der Rockhal also net mol d'Halschent. Trotzdeem huet d'Shakira alles ginn.



Di richteg grouss Stëmmung gouf et dunn natierlech all Kéiers beim Shak senge Radiohits! Dunn war d'Rockhal ze kleng.

Concertscheck vum Wulli




Eng enorm Bühnepresenz, eng enorm Stëmm an einfach en extrem positive Mënsch. Et gouf zwar och Feier a Konfetti, am Fong brauch et dat awer guer net. D'Shakira eleng geet schonn duer an infizéiert!

Vill Leit hunn sech no der Show iwwer de ville Playback beschwéiert. Méi wéi eng Kéier huet d'Shakira NET live gesonge mä op Playback zréckgegraff.

Um Enn war net jiddweree begeeschtert


Op Playback zeréck ze gräifen ass awer net ongewéinlech. Bei sou grousse Stare (Shakira, Madonna, Rihanna, Lady Gaga,...) komme reegelméisseg technesch "Hëllefsmëttel" zum Asaz erkläert de Charel Dormans, Producer a Sounddesigner beim Eldo




Um Enn ginn et 4 vu 5 Stären!
En hallwen Punkt Minus gëtt et fir de Playback.