Musek NewsDat wollt de Robbie Williams mat sengem WM-Mëttelfanger soen

De Robbie Williams huet erkläert, wat hien mat sengem Mëttelfanger bei der Ouverture vun der Futtball-WM 2018 wollt ausdrécken.

Leschten Update: 20.06.2018, 14:19:39

De Robbie Williams hat fir vill Opreegung gesuergt, wéi hien wärend sengem Optrëtt bei der Ouvertures-Zeremonie vun der Futtball-WM zu Moskau de Mëttelfanger an d’Kamera gewisen huet. Elo huet de Sänger op der britescher Tëlee iwwert säin Optrëtt geschwat. Deen ëmstriddenen Geste sollt just undeiten, dass et nach eng Minutt wier bis den Optakt vum Match. Hien wier mat senger Show e bëssen a Verspéidung gewiescht a stoung zimlech ënner Drock- also hätt hien een Countdown gemaach vun enger Minutt.

De Robbie Williams gouf jo viru sengem Optrëtt zu Moskau a senger britescher Heemecht schaarf kritiséiert. Groussbritannien stécht jo mat Russland an enger schwéierer diplomatescher Krise- zanter dem Gëftuschlag  op 2 Ex-Agenten op engleschem Bueden.

Laanscht eng Strof kënnt de Museker trotzdeem net: ëmgerechent 35 Euro muss hien wéinst senger vulgärer Ausdrocksweis bezuelen.