Musek NewsKee Bock op Cro: Ass de Rapper ze sexistesch?

En Donneschdeg ass de Campus Festival op der Uni Bielefeld: Als Headliner trëtt de Cro op- ee Sänger op deen d’Studenten sech freeën, de Comité awer manner

Leschten Update: 20.06.2018, 13:55:10

© afp

15.000 Visiteuren ginn um Campus Festival erwaart. Op 5 Open Air Bühnen trieden méi wéi 20 Kënschtler op. Den Headliner Cro gouf allerdéngs eréischt virun e puer Deeg annoncéiert. Ee Studente-Comité wëllt säin Optrëtt awer elo verhënneren. Seng Lidder wieren „ voller Sexismus a Gewaltfantasien“, schreift d’Associatioun op hirer Facebook-Säit. Dass si mat hirer kuerzfristeger Aktioun awer nach wäerten Succès hunn, dierft ee bezweifelen. Mee hinne selwer geet et och méi em Opklärung, wéi dorëms, dem Cro ofzesoen. Hire Facebook-Post schléissen si of mat de Wieder:“ Mir hoffen dass mer de Cro eng leschte Kéier um Campus Festival gesinn hunn“.