Den Jason Derulo hätt sollen bei der WM-Erëffnungsfeier op der Bühn stoen an seng Single „Colors“ performen. Well den Amerikaner r awer net mat Zäit um Fluchhafen war, huet hien säi Fliger verpasst an et net mat Zäit fir den Optrëtt op Moskau gepackt. Net nëmmen muss den Jason Derulo elo op seng Gage vun 200.000 Dollar verzichten, mee hien muss der FIFA och eng Entschiedegung vun 50.000 Dollar bezuelen.