Viru 4 Joer hat d’Meghan Trainor mat senger Debütsingle “All About That Bass” ee weltwäiten Nummer-1-Hit gelant a gouf fir 2 Grammyen nominéiert. Mat senger aktueller Single “No Excuses” liwwert di 24 Joer al Sängerin een Avant-Goût op säin neien a mëttlerweil 3. Studioalbum. Via Instagram huet d’Meghan Trainor elo de Cover vum Album presentéiert. Dat neit Wierk soll “Treat Myself” heeschen an den 31. August op de Maart kommen. Als weidere Virgeschmaach huet d’Meghan Trainor elo och eng nei Single virgestallt- den Titel „All the ways“.