Musek NewsD’Jess Glynne stellt e Rekord an den Charts op

D’Jess Glynne huet mat senger neier Single e Rekord an de briteschen Charts opgestallt.

Leschten Update: 21.06.2018, 16:54:13

© afp

D’Jess Glynne huet et mat senger neier Single „I’ll be there“ un d’Spëtzt vun de briteschen Charts gepackt an domat een neie Rekord opgestallt. Fir d’Sängerin ass et schonn di 7. Kéier, dass si mat hirem vun hire Lidder d’Pole Position erreecht. An domat ass si eendeiteg déi britesch Kënschtlerin, mat deene meeschten Nummer-1-Hits. Dat mellt den Internetsite officialcharts.com. Ob d’Jess Glynne sech eng 2. Woch un der Spëtzt kann halen, ass allerdéngs alles anescht wéi sécher. Et ka gutt sinn, dass hatt vun Konkurrenten wéi Clean Bandit  oder George Ezra iwwerholl gëtt.