Musek NewsNeie Song vum Avicii a Chris Martin kënnt

Gleeft ee rezente Meldungen iwwert den verstuerwenen DJ Avicii, da kéinten nei Lidder vum verstuerwenen DJ nach jorelaang d’Charts stiermen.

Leschten Update: 08.08.2018, 15:36:52

© afp

Iwwer 200 onverëffentlecht Lidder vum Avicii sollen nach am Tirang vum Produzent Carl Falk leien. Dorënner och eng Kollaboratioun mam Coldplay-Sänger Chris Martin. Des Nouvelle huet de Carl Falk perséinlech an engem mëttlerweil nees geläschte Post op Instagram annoncéiert.

Den Titel mam Chris Martin heescht “Heaven” a soll geschwënn op de Maart kommen.

De Carl Falk huet och ugedeit, dass geschwënn ee ganzen Album posthum eraus kënnt.