Musek NewsDe Snoop Dogg geet mat engem Theaterstéck op Tour

De Snoop Dogg geet mat sengem Theaterstéck "Redemption Of A Dogg" op Tour.

Leschten Update: 10.08.2018, 13:59:57

© ANGELA WEISS / AFP

Am November 2018 feiert dem Rapper säin Debutalbum "Doggystyle" 25. Jubiläum an dee soll mat enger ganz besonnescher Tour geéiert ginn. Ob sech seng Fans op en Theaterstéck freeën? De 46-järege Rapper huet sech mat sengem Produzent an Auteur Je’Caryous zesumme gedoen an en Theaterstéck op d’Been gestallt. Hei geet et em ee Gangster-Rapper, deen awer och en Familljemënsch ass an u Gott gleeft. Am November wäert d’Stéck an den USA ze gesi sinn. Ob et an Europa opgeféiert gëtt, ass nach net bekannt. Den Trailer zu der Show kennt der iech awer elo schonn ukucken: