Musek NewsDen Ed Sheeran verloust eng privat Gittarestonn

Den Ed Sheeran huet schonn an der Vergaangenheet privat Saachen fir de gudden Zweck versteet. Elo verschenkt hien awer näischt Materielles, mee sech selwer

Leschten Update: 14.08.2018, 13:13:29

© afp

An zwar kann een den Ed Sheeran elo fir eng privat Gittarestonn gewannen. Hei huet de Sänger mat der karitativer Organisatioun „drop4drop“ zesumme geschafft, déi sech fir proppert Drénkwaasser engagéiert. Fir sech fir eng privat Gittarstonn mam Ed Sheeran ze qualifizéieren, muss ee just e puer Dollar un d’Organisatioun spenden.  De Gewënner kritt dann 2 Ticketen fir een exklusive Concert zu New York a dierf do zesumme mam Ed Sherean op der Bühn performen.

LINK: drop4drop