Musek News50 Cent: nei Lidder mam Eminem

De 50 Cent schafft un neier Musek an huet sech dofir prominent Ënnerstëtzung an de Studio geholl.

Leschten Update: 14.08.2018, 13:22:25

© afp

An zwar wäert de 50 Cent op sengem neien Album „Street King Immortal“ vum Eminem ënnerstëtzt ginn. Dat huet den amerikanesche Rapper elo an der Talkshow vum Larry King verroden. Ee Release-Datum fir den Album gëtt et allerdéngs nach net. Di leschte Kéier haten di 2 Hip-Hop-Museker fir d’Single „My Life” kooperéiert, déi 2012 zesumme mam Maroon 5-Frontmann Adam Levine erstanen ass.