Musek NewsAriana Grande an James Corden am eegenen Titanic-Musical

Vun Ice Ice Baby bis My Heart Will Go On, an dësem 5 Minutten-Musical ass all Genre vertrueden

Leschten Update: 16.08.2018, 13:36:43

© Youtube Screenshot

Eng Kombinatioun déi op den éischte Bléck bësse kuriéis wierkt: Titanic als 5 Minutte Musical, an dann och nach gefëllt mat Lidder aus all méigleche Genren. D’Zesummeféierung vun dësen Elementer klappt allerdéngs erstaunlech gutt, dat virun allem wéinst dem James Corden an dem Ariana Grande.

De Carpool Karaoke Host an d’Sängerin sangen sech innerhalb vu 5 Minutten duerch de 2 Stonne laange Film. Dofir hunn se sech 13 Songs erausgesicht déi di bekanntsten Zeene vum Film erëmspigele sollen. "Learn to Fly" vun de Foo Fighters bei der Zeen wou d’Rose, hei d’Grande, d’Äerm iwwert dem Bug vum Schëff ausbreet, "Ice Ice Baby" wann d’Titanic an den Äisbierg knuppt, an natierlech dierf och "My Heart Will Go On" vum Celine Dion, zu gudder Läscht, net feelen.

Kuckt Iech hei de Kuerz-Musical un!

En ongewéinlechen awer definitiv amüsante Musical bei deem net nëmmen de Film an e neit Liicht geréckelt gëtt, mee och dat musikalescht Talent vun deenen zwee Haaptduersteller.