Musek NewsFan gëtt bei Justin Timberlake Concert vun der Bühn geholl

Bei engem Justin Timberlake Concert zu Berlin ass ee weibleche Fan dem Museker e bëssen ze no komm.

Leschten Update: 16.08.2018, 15:56:14

© afp

Den Justin Tumberlake a huet virun e puer Méint seng „Man Of The Woods”-Welttournée gestart, an ass de Moment an Europa ënnerwee. Zu Berlin koum et dës Woch awer zu engem Tëschefall. Wärend de Museker seng Nummer-1-Single „Mirrors“ zum beschte ginn huet, ass ee weibleche Fan op d’Bühn geklommen. Den Justin Timberlake wollt seng Performance awer net ënnerbriechen. D’Meedchen huet mam Justin gedanzt an hien gedréckt, bis schliisslech e Security Member hatt vun der Bühn geholl huet.