Musek NewsAretha Franklin ass dout

D'"Queen of Soul" ass hirer Pressespriecherin no den Donneschdeg am Alter vu 76 Joer gestuerwen.

Leschten Update: 16.08.2018, 16:20:38

© MOLLY RILEY / AFP

D'Soul-Legend Aretha Franklin ass hirer Pressespriecherin no den Donneschdeg gestuerwen.

Schonn 2010 war bei der Soul-Sängerin Kriibs diagnostizéiert ginn, elo ass déi 18-fach Grammy-Gewënnerin am Alter vu 76 Joer gestuerwen.

An de leschten Deeg hat sech hire Gesondheetszoustand verschlechtert.

Lauschtert iech hei d'Biografie vun der Sängerin un!