
© VALERIE MACON / AFP
Ee vun deene wuel am meeschten entgéint-geféiwerten Alben 2018, "Sweetener", dem Ariana Grande säi 4. Studio Album ass haut op engem 17. August released ginn.
Mat Songs wéi "No Tears Left to Cry", esou wéi "God is a Woman" huet d’Sängerin virgeluecht an d’Erwaardungen no uewe geschrauft. Eng Enttäuschung gëtt et awer elo schonn, vun deene 15 Titel déi um Album sollten drop sinn, kann een der just 13 als wierklech Songs bezeechnen. "Raindrops" ass just e kuerzen Opener fir den Album selwer a den Track "Pete Davidson" ass mat 1:13 wuel net méi wéi eng musikalesch Iddi.
Dofir glänzt den Album ëmsou méi mat Star Features. Nieft dem Duett mam Nicki Minaj sinn och nach Zesummenaarbechte mam Pharrell Williams a Missy Elliot ze fannen.