
© NICHOLAS KAMM / AFP
D’Aretha Franklin ass gëscht am Alter vu 76 Joer gestuerwen. Bei der 18-facher Grammy Gewënnerin, déi mat Songs wéi "Respect" oder "Dangerous Woman" grousse Succès gefeiert huet, ass 2010 scho Kriibs diagnostizéiert ginn.
Elo trauere Fans a Promie weltwäit ëm d'Queen of Soul. Dorënner si Politiker wéi d'Hillary Clinton a Barack Obama, déi net nëmmen der Sängerin hiert Talent, mee och hiert Engagement gedenken.
Mourning the loss today of @ArethaFranklin who shared her spirit and talent with the world. She deserves not only our RESPECT but also our lasting gratitude for opening our eyes, ears and hearts. Rest in eternal peace, my friend.
— Hillary Clinton (@HillaryClinton) August 16, 2018
Aretha helped define the American experience. In her voice, we could feel our history, all of it and in every shade—our power and our pain, our darkness and our light, our quest for redemption and our hard-won respect. May the Queen of Soul rest in eternal peace. pic.twitter.com/bfASqKlLc5
— Barack Obama (@BarackObama) August 16, 2018
Och Museker deelen Erënnerungen déi si mam Aretha Franklin verbannen an traueren ganz ëffentlech ëm d'Queen of Soul. Sou zum Beispill den John Legend, Barbara Streisand an Elton John.
D'Ariana Grande huet zu Éieren vun der Sängerin hiren ikoneschen Hit "Natural Woman" an der Show vum Jimmy Fallon performt.