Musek NewsMet Gala Performance vum Madonna

Den Donneschden hat d'Queen of Pop Gebuertsdag an huet senge Fans e Kaddo gemaach...

Leschten Update: 17.08.2018, 15:13:43

© Ben STANSALL / AFP

Gëschter, op engem 16. August 2018, krut d'Madonna 60 Joer. Zur Feier vum Dag huet hat senge Fans e Kaddo gemaach a seng Performance vun der Met Gala 2018 online gesat.

Am Mee hat d'Queen of Pop do e spektakulären Optrëtt bei deem passend zum Thema "Heavenly Bodies" souwuel d'Kostümer wéi och d'Lidder reliéis ugehaucht waren. Nieft sengem Hit "Like a Virgin", huet d'Sängerin eng Versioun vum Leonard Cohen sengem "Hallelujah" zum Beschte ginn, an zousätzlech nach e ganz neie Song presentéiert: "Beautiful Game".

Doropshi gouf d'Performance natierlech online gesicht, fonnt huet een awer just Clips. Dat aus guddem Grond, d'Madonna wollt seng Fans mat dem ferdeg geschniddene ronn 13 Minutte laange Video iwwerraschen.

Kuckt Iech hei de Video un!