Musek News300 Prince-Lidder fir ze streamen

300 Lidder vum Prince sinn lo digital bei den Streaming-Déngschter wéi Spotify an Apple Music ze fannen.

Leschten Update: 18.08.2018, 11:45:21

© afp

Fans vun der verstuerwener Pop-Legend Prince kënnen elo fir d’éischt ronn 300 Lidder vum Museker am Internet erof lueden oder streamen. Wéi Sony Music matdeelt, sinn d’Titelen vun 23 Alben aus de Joren 1995 bis 2010 dëse Freideg online gaangen. Sony hat sech am Juni mat der Prince Estate dorops gëeenegt.

Ënnert den digitalen nei Verëffentlechungen sinn eng sëllech Hits an Live-Opnamen.

Kritiker weisen awer drop hin, dass dee gréissten Erfolleg vum Prince aus där Period feelt – nämlech  "The Most Beautiful Girl in the World" vun 1994.